Mir freeën eis drop dëst Joer de 50 Jubiläum vun de Fraen a Mamme Berdorf ze feieren. Et si verschidden Aktivitéiten iwwer d'Joer geplangt.
Des weidere stelle mir eng flott Broschüre fir eise Jubiläum zesummen, wou mir d'Joren e bësse Revue passéiere loossen. Dir wäert awer och sos nach e puer flott Iwwerraschung dora fannen. Falls dir eis wëllt finanziell ënnerstëtze kennt dir dat gäre mat engem Virement oder mat engem Payconiq maachen.
All weider Infoen fannt dir um Sponsoring Ziedel.
https://payconiq.com/t/1/66f545c699bd5a4daf235c46?A=0&R=Jubil%C3%A4um&D=Brosch%C3%BCre%2050%20Joer%20Fraen%20a%20Mammen
Den 5. Juli feieren mir eis Jubiläum mat engem flotten Fest fir eis Memberen.