Léif Gäscht vun eisem Konschthandwierkermaart

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2015

Et ass elo fir déi eelefte Kéier, wou am hierschtlech dekoréierte Bäerdref dee flotte Konschthandwierkermaart vun de Fraen a Mammen organiséiert gëtt. Wéi all Joer hu mir och dës Kéier erëm eng 130 Konschthandwierker bei eis. An de Stroosse vum Duerf, de Garagen, de Scheieren an am Centre culturel stelle si hir Konschtartikelen aus.

Dréiuergelmusek, Stelzegänger, Loftballonkënschtler a mëttelalterlech Ritter suerge fir eng attraktiv Animatioun. Déi zwee Deeg iwwer zerwéieren d'Fraen a Mammen am Centre culturel Kaffi a Kuch, an hei waart och eng flott Tombola op Iech.

D'Veräiner aus dem Duerf suerge fir Iessen a Gedrénks op hire Stänn. E grousse Merci soen ech all eise Memberen a Frënn, eise Sponsoren an eiser Gemeng. Ouni si all wär esou e grousst Evenement net méiglech. D'Fraen a Mamme spenden den integralen Erléis u karitativ Institutiounen.

Mir freeën eis, Iech de 7. an 8. November zu Bäerdref ze begréissen a wënschen de Konschthandwierker an eise Gäscht e puer gemittlech Stonne bei eis. Fir weider Informatioune kuckt w.e.g. ënner www.fraen-mammen-berdorf.lu.

Bis geschwënn!

Linda Hartmann,

Presidentin vun de Fraen a Mamme Bäerdref