Haërzlech wëllkomm zu Bäertref

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2015

HAUPESCHFEST ZU BÄERTREF DEN 7. AN 8. NOVEMBER 2015

Et ass schon erëm sou wèit. De 7. November ass de Startschoss vir dât 11. Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart.

Wéi all Joër hun eis Fraen a Mammen d’Organisatioun mat dem néidegen Enthousiasmus an Engagement dëst Fest an Ugreff gehol. D’Haupeschfest ass e Stëck Baertref gin, wat d’Leit aus all Deeler vum Land an aus der sougenannten rousregioun
unzitt.

Eis Fraen a Mammen brëngen et ëmmer ërem faerdeg vir nei Stänn derbei ze kréien déi durch hir Produkter oder hirt handwierklech Können, eng Beräicherung vir den Konschthandwierkermaart sënn.

A wéi dat all Joer de Fall ass, lued de Syndicat d’Initiative op d’Haupeschmass am Amphitheater „Breechkaul“ an. Och dëst Joer sin d’Juegdbléiser „Trompes de Chasse“ derbei.

Och eis Veräiner waerten sech un dësem Fest bedeelegen. Ech wëll hinnen duerfir Merci soën.

Vir dëst Joer ass eng Neierung virgesin. Vu dass mir en neie Parking op der Konsdorferstrooss, beim Aquatower gebaut hun, ass vun do aus eng Navette virgesin, déi d’Leit am ¼ Stonnentakt bis bei d’Entrée vum Konschthandwierkermaart brëngen. Als Gemeng wäre mir frou wann deen och genotzt géif gin. Esou könne mir a Spëtzenzäiten de Verkéier an de Grëff kréien. Déi Autoen déi vu Konsdorf erfort kommen, sollen dës Navette massiv notzen.

Ech wëll eise Fraen a Mammen vir hir vill Méi an Arbecht déi si am Sënn vun engem gudde Wierk, an am Sënn vun eiser Gemeng geleescht hun, félicitéieren, a wënschen hinnen deen néidege Succés.

Zum Schluss hoffen ech, dass mir vill Leit hei zu Baertref kënne begréissen a wënschen hinnen alleguer en agreablen Openthalt an eiser Gemeng, dem Zentrum vun der klenger lëtzebuerger Schwäiz.

Ern Walerius

Buergermeeschter