Haupeschfest a Konschthandwierkermaart - Carol Bragança-Kayser

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2012

Et ass erëm esouwäit! Berduerf feiert säin Haupeschfest.

Méi ewéi nëmmen e „Fest ass d'Haupeschtfest“ zu Berduerf

Mat enger Wull vu kulinareschen, konschthandwierklechen a musikaleschen Héichpunkten well ech Iech all an di flott Scheieren a Gaassen ronderëm Berduerf alueden.

Di fläisseg „Fraen a Mammen“ vu Berduerf hu scho fir déi 8. Kéier ee fantastesche Programm opgestallt. Wochelang am Viraus bastele si ënnert anerem originell Entréesspéngelen, e richtegt Sammlerobjekt, an nach villes méi.

An net fir an hir Keess, nee de ganze Benefiz gëtt a karikativ Wierker gespend, a scho fir di 6. Kéier ënnerstetze si den Télévie an domat Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg.

E grousssen an oprichtige Merci fir hiert Engagement

D’Wieder kann do bestëmmt nëmmen matspillen.

Ech freeë mech Iech all zu Berduerf begréissen ze kënnen.

Carol Bragança-Kayser

Coordinatrice vun der Télévie A.s.b.l.