Léif Gäscht,

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2012

Säit iwwer 30 Joer gëtt et zu Berduerf d'Traditioun fir d'Haupeschfest ze feieren.

Vill Leit, besonnesch Jeeër, kommen deen Dag op Berdorf, fir hirem Schutzpatroun, dem hellegen Hubertus, an enger Mass am Bësch ze gedenken.

Virun 8 Joer dun, hunn d'Fraen a Mammen vu Berdorf vun der Präsenz vun esou ville Leit am Duerf profitéiert, a si hunn hiren 1. Konschthandwierkermaart organiséiert.

Seitdem ass dat och eng fest Traditioun an eisem schéinen Duerf ginn.

An de Stroossen, de Garagen, de Scheieren an am Centre Culturel fannt Dir den 3. an de 4. November allerhand Konschtartikelen, déi vu méi wéi 120 Konschthandwierker ugebuede ginn.

Fir flott Animatioun an de Stroossen ass beschtens gesuergt an d'Veräiner aus dem Duerf bidden allerlee fir ze iessen an ze drénken un.

Sonndes servéieren d'Fraen a Mammen e gudden Hierschtmenu am Centre Culturel, an de ganze Mëtteg iwwer gëtt et Kaffi a Kuch. Eng flott Tombola waart och op Iech.

E grousse Merci elo schonn u jiddereen, deen eis op eisem Fest ënnerstëtzt, besonnesch eise ville Memberen a Frënn, awer och eiser Gemeng, bei där mir ëmmer en oppent Ouer fannen.

Den integralen Erléis vun eisem Fest geet u karitativ Institutiounen, sou wéi mir dat bis elo ëmmer gemaach hunn.

D'Fraen a Mammen freeë sech fir Iech, léif Gäscht, de Weekend vum 3. a 4. November zu Berdorf ze begréissen.

Mir wënschen all eise Gäscht, awer och eise Konschthandwierker e puer flott a gemittlech Stonnen an eisem schéinen hierschtlech dékoréierten Duerf.

Fir weider Informatiounen, kuckt w.e.gl. op www.fraen-mammen-berdorf.lu.

Bis geschwënn

Linda Hartmann

Präsidentin vun de Fraen a Mammen B