Häezlech wëllkomm zu Bäerdref

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2012

D'Iddi vun engem Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart geet an déi 8. Sessioun. Et kann ee scho vun enger Traditioun schwätzen.

Säit 34 Joer organiséiert de Syndicat d'Initiative eng Haupeschmass am Amphitheater „Breechkaul“. Wéi all Joer sënn och erëm d'„Trompes de chasse“ um Rendez-vous. Dëst Evenement huet et a sech, well wäit iwwer d'Grenzen eraus vill Leit hei op Bäerdref kommen.

Ech bewonneren ëmmer erëm eis Fraen a Mammen, déi mat deem néidegen Enthousiasmus a Courage dëst Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart organiséieren. Fir iwwer 120 Aussteller an Artisten aus dem In- an Ausland hei op Bäerdref ze kréien, ass hiert Geheimnis. Doriwwer eraus maachen och sämtlech Veräiner aus eiser Gemeng mat.

Den 3. a 4. November ass eng gutt Geleeënheet, fir mat der Famill oder mat Frënn op Bäerdref, dem Zentrum vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz, ze kommen an e puer flott Stonnen an eiser schéiner Uertschaft ze verbréngen.

Ech well eise Gäscht a Visiteuren awer och un d'Häerz leeën, déi ausgewise Parkingen ze benotzen, well mer soss eis Stroosse blockéieren an d'Buslinnen an hirem Horaire gestéiert ginn. Et hëlleft effektiv kengem, wann ee säin Auto egal wou parkt. Et sti genuch Parkplazen zur Verfügung, och wann een e puer Meter muss zu Fouss goen.

Zum Schluss well ech jidderengem, awer speziell de Fraen a Mammen Merci soen, fir déi vill Méi an Aarbecht a wënschen hinnen alleguer deen Erfolleg, dee si duerch hiert Engagement verdéngt hunn.

Ech hoffen, dass mer vill Leit hei zu Bäerdref kënne begréissen a wënschen hinnen e flotten an agreablen Openthalt an eiser Gemeng.

Ern Walerius

Buergermeeschter