Haupeschfest 2012 - Nicolas Schmit

D’Haupeschfest ass e Stéck Bäerdref ginn an ass och wäit iwwert d’Grenzen vun eiser klenger Uertschaft erausgewuess. Dëst Fest zitt Dausende vu Leit aus allen Deeler vun eisem Land an aus der Groussregioun un. D’Organisateuren bréngen et ëmmer erem färdeg datt nei Stänn partizipéieren, déi hir Produkter oder hir handwierklecht Kënnen an Konscht un d’Leit bréngen. D’Haupeschfest transforméiert fir déi puer Stonnen eist esou rouegt Duerf. Och d’Haupeschmass ass e schéine Moment deen d‘Jeeër mat hire Compagnonen an all Frënn vun der Natur zesummebréngt. Et ass och eng Geleeënheet fir un all déi ze denken, déi an der Vergangenheet dat alles méiglech gemaach hunn duerch hiren Asaz fir onst wonnerschéint Duerf a seng exceptionnel Emgéigend, dem Mëllerdall.
Ech well besonnesch deene ville Bäerdrefer a besonnesch Bäerdreferinnen Merci soe fir déi vill Stonnen, déi d’Organisatioun an Virbereedung vun dem Haupeschfest bedeiten. Ouni hiren Engagement wier dat net méiglech. Si maachen dat ouni Zweifel aus Léift zu eisem Duerf mee awer och well dëst Fest mat engem staarke sozialen Engagement verbonnen ass. D’Recetten ginn u sozial Wierker, déi am Déngscht stinn vun deene Schwächsten an eiser Gesellschaft. Dat gëtt dësem Fest e besonnesche Charakter. Et hëlt Deel un engem staarke Solidaritéitsgedanken. Dee steet de Bäerdrefer gutt zu Gesiicht. Meng beschte Wënsch fir d’Haupeschfest 2012. Ech sinn iwwerzeescht datt et erëm e grousse Succès gëtt.
Nicolas Schmit
Ministre du Travail et de l'Emploi et de l'Immigration