D'Wuert vum Buergermeeschter

Och dëst Joer gëtt d'Haupeschfest zu Bäertref gefeiert. D'Fraen an d'Mammen hu sech erëm eng Kéier vill Méi gemaach fir dat Fest mat Konschthandwierkermaart am Kär vun eiser flotter Uertschaft ze organiséieren.
Ech bewonneren de Courage an och de Wëllen, wéi dëse Veräin un dës Mammut-Organisatioun erugeet. Si hunn et och dëst Joer erëm fäerdeg bruecht fir wäit iwwer 100 Aussteller an Artisten aus dem In- an Ausland op Bäertref ze kréien. Des Weideren ass et richteg flott ze gesinn, dass och sämtlech Veräiner aus der Gemeng eng Hand mat upaken.
Déi 4. Editioun vum Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart ass eng gutt Geleeënheet, mat der Famill a Frënn op Bäertref, dem Zentrum vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz, ze kommen, an e puer flott Stonnen an eiser schéiner Uertschaft ze verbréngen. Eis Fraen a Mammen wäerten alles drusetzen, fir eise Gäscht déi néideg Opmierksamkeet zoukommen ze loossen.
Et muss een awer och dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme Berdorf félicitéieren, well lo sënn et schonn 30 Joer hier, dass si déi éischt Haupeschmass an der Breechkaul (Amphitheater) organiséiert hunn.
Zum Schluss wëll ech eise Fraen a Mammen fir hir vill Méi an Aarbecht, déi si am Sënn vun engem gudde Wierk an am Sënn vun eiser Gemeng geleescht hinnen dee verdéngten Erfolleg.
Ech hoffen, dass mer vill Leit vun no a wäit bei schéinem Hierschtwierder hei zu Bäertref kënne begréissen, a wënschen hinnen alleguer en agreablen Openthalt an eiser Gemeng.
Ern Walerius
Buergermeeschter