Haupeschfest mat internationalem Handwierkermaart zu Berdorf

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2007

Geschwënn ass et erëm esou wäit. D’Haupeschfest 2008 steet virun der Dier.

Samsdes, den 8. November gëtt d’Echternacher Strooss vun 8 Auer un fir all Verkéier gespaart well dann d’Handwierker hir Stänn opriichten. Eng Emleedung geet iwwert den „Wues“. Bis elo sinn ongeféier 130 Konschthandwierker aus Lëtzebuerg, Belgien, Däitschland, Frankräich, Holland a Polen ugemellt. Vun 12 Auer un ass de Maart dann op. Eng hierschtlech dekoréiert „ Laach“ an „Echternacherstrooss“ wäerten sech Iech dann présentéieren, mat ville flotten, dekorativen an extravagante Stänn. D’Sortiment dat d’Konschthandwierker présentéieren ass wirklech kuckeswäert an och qualitativ héichwäerteg.

Och d’Veräiner aus dem Duerf bidden de Leit an de Stroosse vum Maart ëppes ze iessen an ze drénken un. D’Gaarde-Bunne Frënn fannt dir um 1. Stack an der aler Primärschoul.

Samsdes mécht de Maart um 19 Auer seng Dieren zou. Sonndes moies um 11 Auer mécht de Maart seng Dieren dann rëm op. No der Haupeschmass gëtt et a ville Restaurant'en an och an de Strossen vum Maart kulinaresch Spezialitéiten.

De ganzen Nomëtteg iwwer gëtt et Kaffi a Kuch am Centre Culturel. Et waart och eng flott Tombola op Iech. Während deenen 2 Deeg vum Maart ass fir flott Animatioun gesuergt: Akrobaten a Jongleuren zéien duerch d’Stroossen, e Grupp Ritter weist Iech wéi se am Mëttelalter gekämpft hunn, e liewege Sprangbuer amuséiert d’Leit. D’Kanner freeë sech op d’Ieselen an d’Päerdskutsch. Sonndes nomëttes suergen d’Trompes de Chasse St. Hubert fir de musikaleschen Deel an d’Falken begeeschteren Iech mat hirer flotter Show. Géint 18 Auer ass d’Haupeschfest 2008 dann eriwwer.

Mir vum Comité soen elo schonns Merci, fir all Ënnerstëtzung, besonnesch der Gemeng an hirem Personal, eise Sponsoren, dem Syndicat d’Initiative, allen Awunner aus de Stroossen vum Maart, alle Veräiner déi sech um Fest bedeelegen, eisen Memberen fir hir wäertvoll Mathëllef.

Den Erléis vum Haupeschfest ass och dëst Joer fir e gudden Zweck an een Deel geet och erëm un den Televie. Mir freeën eis mat Iech op d’Haupeschfest 2008, hoffen dass et e schéinen Hierschtweekend gëtt a genau sou e grousse Succès wéi d’lescht Joer. Weideres zum Haupeschfest an iwwert eise Veräin fannt Dir op eiser Homepage: www.fraen-mammen-berdorf.lu