20 Joer MAKADAMMEN!
Den 23. Januar 2022 zu BERDORF am Centre Culturel « A Schmadds »
20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren - Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren - Wa mir op der Bühn stinn
Aus dem Jeckyll gëtt d’Miss Hyde - Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde - A last but not least
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen - Aus douce Fraen, Femmes fatalen -
Wa mir op d’Bühn ropklammen - Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Collage a Regie: Jacqueline Posing -van Dyck
Dekor: Christian Klein - Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Choreographie: Steven Klopp - Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Detailer op: www.makadammen.lu
Ufank 17:00
Entrée 18€
Umeldungen um tel. (+352) 621640670
oder email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!