Léif Gäscht vum Berdorfer Konschthandwierkermaart

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2016

Et ass elo fir déi zwielefte Kéier, wou am hierschtlech dekoréierte Berdorf, dee flotte Konschthandwierkermaart vun de Fraen a Mammen organiséiert gëtt.

Wéi all Joer hu mir och dës Kéier erëm eng 130 Konschthandwierker bei eis. An de Stroosse vum Duerf, de Garagen, de Scheieren an am Centre Culturel stelle si hir Konschtartiklen aus. Stelzegänger, Loftballonkënschtler a mëttelalterlech Ritter suerge fir eng attraktiv Animatioun.

Déi zwee Deeg iwwer zervéiren d´Fraen a Mammen am Centre Culturel Kaffi a Kuch an hei waart och eng flott Tombola op Iech.

D´Veräiner aus dem Duerf suerge fir Iessen a Gedrénks op hire Stänn. E grousse Merci soen ech all eise Memberen a Frënn, eise Sponsoren an eiser Gemeng. Ouni si all wär eosu e grousst Evenement net méigelech. Natierlech spenden d´Fraen a Mammen den integralen Erléis vun hirem Fest och dëst Joer erëm u karitativ Institutiounen. Mir freeën eis, iech de 5. an de 6. November zu Berdorf ze begréissen a wënschen de Konschthandwierker an all eise Gäscht e puer gemittlech a flott Stonne bei eis.

Fir weider Informatioune kuckt w. e. g. ënner www.fraen-mammenberdorf.lu

Bis ganz geschwënn,
Linda Hartmann
Presidentin vun de Fraen a Mammen Berdorf