Zing Joer Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart zu Bäertref

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2014

De Weekend vum 8. an 9. November, verwandelt eist Duerf sech fir d'zingte Kéier an e groussen Konschthandwierkermaart.

An de Stroossen, de Scheieren, Garagen an am Centre culturel weisen 120 Konschthandwierker iech hir Konschtartikelen.

Fir eise Jubiläum flott ze feieren, gëtt et allerlee Animatioun mat Dräiuergelmusek, Stelzegänger, Loftballonkënschtler, mëttelalterleche Ritter a besonnesch samschdegowends um 18.45 Auer engem spektakuläre Freedefeier.

Ausserdeem ass um 16.30 Auer eng Inauguratioun vum Maart a Presenz vu ville Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewe virgesinn, an op all Konschthandwierker waart eng kleng Gebuertsdagsiwwerraschung.
 
Während deenen zwee Deeg suergen d'Veräiner aus dem Duerf fir Iessen a Gedrénks an d'Fraen a Mammen zerwéieren am Centre culturel Kaffi a Kuch. Hei fannt dir och eng flott Tombola.

E grousse Merci geet un all eis Memberen an eis Frënn, eis Sponsoren an eis Gemeng. Ouni hir Hëllef an Ënnerstëtzung wär esou e Mega-Event net méiglech. Den Erléis vun eisem Maart spenden d'Fraen a Mammen och dëst Joer erëm integral fir karitativ Zwecker, esou, ewéi mir dat elo all déi Jore gemaach hunn.

Mir freeën eis drop, iech de Weekend vum 8. an 9. November bei eis zu Bäertref ze begréissen, a wënschen eise Konschthandwierker an eise ville Gäscht e puer flott a gemittlech Stonne bei eis.

Linda Hartmann

Presidentin vum FMB