Léif Frënn, léif Gäscht vun eisem Konschthandwierkermaart

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2013

Fir déi ningte Kéier hunn d'Fraen a Mammen vu Bäerdref  déi grouss Freed, hiert Haupeschfest mat   Konschthandwierkermaart ze organiséieren. Vill fläisseg Hänn hunn an deene leschte Méint flott  Entrées-Klamere gebastelt, méi wéi 120 Konschthandwierker hu sech schon ugemellt, d'Plakater an d'Flyere gi grad verdeelt, d'Sponsore si fonnt, jee eis Virbereedunge lafen  op Héichtouren. D'Veräiner aus dem Duerf si prett, fir eis Gäscht mat Iessen a Gedrénks ze verwinnen.

scht, an eisen hierschtlech dekoréierte Stroossen, an  de Garagen a Scheieren an am Centre culturel attraktiv Konschtartikelen ugebueden. Fir eng  amusant Animatioun ass beschtens gesuergt, an eis Kanner kënne sech beim Facepainting  a faarweg Beien a Päiperleken verwandelen.

Wéi gewinnt zerwéieren d'Fraen a Mammen sonndegmëttes e gudde Menu am Centre culturel. Hei gëtt et och eng flott Tombola, an de ganzen Nomëtteg iwwer kënnt dir  bei Kaffee a Kuch e bësschen entspanen.

Ech soen elo schon e grousse Merci u jiddereen, deen un dësem Fest bedeelegt ass, ouni Ënnerstëtzung wär  d'Organisatioun vun esou engem Evenement net méiglech.

E besonnesche Merci geet un eis Gemeng, déi fir eis ëmmer en oppent Ouer huet.

Wéi mir dat bis elo ëmmer gemaach hunn, spenden d'Fraen a Mammen och dëst Joer den integralen Erléis vun eisem Maart u karitativ Wierker.

D'Fraen a Mammen freeë sech, iech alleguer de Weekend vum 9. an 10. November zu Bäerdref ze begréissen  a mir wënschen iech all schonn e puer schéinen Duerf.

Fir weider Informatioune kuckt op der Homepage www.fraen-mammen-berdorf.lu.

Bis geschwënn zu Bäerdref.

Léif Gréiss.

Linda Hartmann,

Presidentin vun de Fraen a Mammen Bäerdref