Léiw Gäscht

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2011

Dëse Weekend feieren d'Fraen a Mammen vu Berdorf scho fir di 7. Kéier hirt Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart. Méi wéi 120 Konschthandwierker hu sech ugemellt, fir an eisem hierschtlech décoréierten Duerf hir Stänn virzestellen.

An de Stroossen, de Garagen, de Scheieren an am Centre Culturel fannt dir allerhand Konschtartikelen. D'Verainer aus dem Duerf suergen dofir, dass kee vun eise Gäscht Honger an Duuscht muss leiden.

No der Haupeschmass, déi wéi all Joer erem Sonndes, ëm 10:45 Auer, an der Breechkaul am Besch as, zervéieren d'Fraen a Mammen am Centre Culturel e gudden Hierschtmenu. Hei gett et och de ganze Metteg iwer Kaffee a Kuch.

Fir eng attraktiv Animatioun as och beschtens gesuergt: de Jongleur Columbus ennerhällt eis Gäscht mat sengen Akrobatien, d'Krunnemecke machen flott Musek an de Stroossen vum Duerf an de Grupp Lucilinburhugh présentéiert allerlee mettelalterlech Aktivitéiten. Eis kleng Gäscht kennen sech duech e Facepainting a leschteg Päiperlecken oder Beien verwandelen.

Ech soen elo schons e grousse Merci fir all déi tatkräfteg Ennerstetzung, déi mir och erem dest Joer kritt hun an ouni déi esou e mega Evénement net méigelech wier. Besonnesch well ech eis Gemeng hei ernimmen wou mir emmer en oppent Ouer fannen.

Den Erléis vun eisem Fest gett integral fir karitativ Zwecker gespennt esou wéi mir dat bis elo emmer gemaach hun.

Mir fréen eis fir iech de Weekend vum 5. a 6. November bei eis zu Berdref ze begréissen a mir wenschen eisen Konschthandwierker an eise Gäscht e puer flott a gemitlech Stonnen bei eis. Fir weider Informatiounen zu eisem Haupeschfest ,kuckt wegl op www.fraen-mammen-berdorf.lu.

Linda Hartmann

Präsidentin vun de Fraen a Mammen Berdorf