Berdorfer Haupeschmass– eng Traditioun

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Haupeschfest 2006

Den Amphitheater „Breechkaul“ gouf am Jar 1978 geschaf. En dréit op Wonsch vun demools héichgestallte Perséinlechkeeten am Tourismus deem kuerz virdru verstuerwene Val Bisdorff säin Numm, e landbekannte  Gastronom an Hôtelier vu Berdorf, och dreiwend Kraaft am lokalen a regionalen Tourismus. D’Juegdkollege vum Val Bisdorff, virop den Erny Schwartz, hu scho bäi der Aweiung am Oktober 1987 de Wonsch ausgedréckt, him zum Gedenken op dëser nei geschafener, eemoleger Plaz eng Haupeschmass ofzehalen. Den deemolege Paschtouer vu Berdorf, Abbé Arsène Braun, war vun der Iddi begeestert an hien huet derfir gesuergt, datt déi Mass zum reliéisen Erliefnes gouf. Och de Paschtouer Carlo Morbach an d’Parassistentin Josiane Schmit-Mirkes riichten d’Déinster am grousse Parverband esou an, datt an deem Geest déi Berdorfer Haupeschmass den éischte Sonndeg no Haupeschdag de Mëttelponkt bleift.

Aus der ganzer Géigend, jo aus all Eck vum Land an iwwer d’Grenzen eraus an d’Äifel erop kommen d’Juegdhären an -héider mat hire Juegdhënn. Natur- a Wanderfrënn a gleeweg Leit, déi an dëser besonnescher Mass an der fräier Natur der Gréisst vun hirem Erschafer begéine wëllen. Ëm déi siwenhonnert goufen der an de leste Jare geschat oder gezielt! D’Juegdbléiser „Trompes de Chasse“ së säit Jaren um Rendez-vous an hir Melodiën bierge fir de besonnesche Cachet vun deem apaarten an eemolege reliésen Erliefnes. No der Mass ginn d’Hënn geseent an dat passt net jiddferengem vun deene Véierbeener, wat en dann och durech säi Billen matdeelt.

De Berdorfer Verschéinerungsveräin, dee fir d’logistesch Organisatioun suergt, bitt no der Mass am Verwëllef vun der Breechkaul a vun der Salle Jean Friedrich e Frëndschaftspatt un.

President Edmond Steyer