Réckbléck "Fraen a Mammen" 2001 - 2005

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in 30 Jahre ACFL Berdorf

Enges Daags, no enger Mass, koummen 2 oder 3 Dammen op mech zou an hun mir gesoot sie géifen sech zreckzeien aus dem Comité "Fraen a Mammen" an géifen desen "Terrain" gären méi jonken Dammen iwerlossen. Ech sollt dach elo emol kucken ob een do naischt kéint machen. Spontan gouf dun den 9. Oktober 2001 ang Versammlung aberuff wou all interesséiert Fraen aus der Par invitéiert waren. Den 16. Oktober 2001 stong och schons déi éischt Equipe fest. Mat Hellef vun der Nationalpräsidentin, der Mme Gisèle Kirsch-Toussing sin d'Chargen fir déi eenzel Comitésmemberen festgehalen gin:

Eng besonneg Staip an derser Zait war awer och eist Pastoralteam. Den Här Paschtouer Carlo Morbach an eis Pastoralassistentin Josiane Schmit-Mirkes, hun sech et net huelen geloos an stungen eis mat villen gudden Rotschléi zur Sait.

Och fir sie war eis Duerfliewen zu desem Moment nach ganz nei. Nom plötzlechen Doud vum Här Paschtouer Arsène Braun den 16.03.2001, goufen den Här Carlo Morbach an d'Madame Josiane Schmit-Mirkes als neit Pastoralteam fir Bäertreff genannt. Sie sin dun hirer neier Verflichtung mat vill Courage an Engagement nokomm. Eisen Verain hat vun elo un erem en Aumônier.

Ganz besonnesch awer hun mir sie besser kennengeléiert bei eisem 1. groussen Fest, den 11.11.2001 mam Numm Hierschtzauber, an méi spéit bei eisen Haupeschfester wou sie eis tatkräfteg ënnerstëtzt hun. Den Erléis vum Hierschtzauber, engem Kaffisnommetteg, koum der Hëllefsorganisatioun "En Häerz fir d'Tschernobyl-Kanner" zou, (817,30 €).

Dest wor och den Start fir eng hellewull Aktivitéiten. En neien Member hat sech och nach bereet erkärt fir vun elo un am Comité matzeschaffen: d'Madame Linda Hartmann.

2002: Dagesfahrt op Saarbrecken, Konferenz zum Thema Euthanasie, Mammendagsiessen am Hôtel Perecop, Aerobis-Cours, Fitness-Cours, Nordic-Walking-Treff, Wainconcours, Haupeschfest (fir d'eischte Kéier den 3.11.2002) mat Mëttegiessen an Kleedersammlung fir d'Tschernobylleit.

2003: Chineseschen Kachcours, Lichtmessdag, Diamëtteg mam Paul Ernzer, Kino, Friedensfahnen, Bicher- a Spillerausstellung mat der Kulturkommissoun an dem Kannertheater Jaddermunnes, Dagesfahrt op Metz, Mammendaagiessen am Hôtel Kinnen, Blummencours, Dagesfahrt ob Steyl bei d'Steyler Missionaren, Generalversammlung mat Scheckiwerreeschung un "Chiles Kindes 1500€" Haupeschfest mat engem Moudendéfilé, deen bis haut nach villen Leit gudd an Erënnerung ass, Turncours, en neien Member am Comité vun dësem Joer un ass d'Madame Wacker Gertrude.

2004: Kanner-Pappen-Mammentreff, Lichtmesdaag, Kachcours mam David Albert, Faire Kaffismoien mat Gospelmass fir eis Memberen gesongen vun der Chorale Mixte Berdorf, Visite guidée vum Groussen Theater an der Operette "Ich bin der Graf von Luxemburg", Mammendaagsiessen am Hôtel André, Groussen Concert am Amphitheater mam Steven Pitman alias "Elvis Presley", Turncours, Haupeschfest, Generalversammlung mat Scheckiwerreeschung un "Waitbléck" (750€) an un d'Amicale vum Altersheim "Le Chat Botté" zu Bäertreff (750€), Dagesfahrt op Nancy, Second-Hand Shop, Night Vigil, nei Memberen am Comité d'Madame Danielle Hubert an d'Madame Oberweis Monique, d'Madame Reuter Renate huet seng Demissioun am Comité gin.

2005: Konferenz Dr Pia Engel-Boukel "Anti'Aging", Liichtmesdaag, Generalversammlung mat Scheckiwerrechung un d'Fam. Hubert fir d'Fiona (750€) an un "la lutte contre la mukoviscidose" (750€), Dagesfahrt noch Maastricht an Valkenburg, Festmass mam Ensemble Vocal an Festiessen zum 30-jähregen Bestoen vum Verain, Bibelkonferenz mam Tom Osborne, Concert am Amphitheater mat Taka Tuka, Jazz-Quartett Garlicks an original Aborigines aus Australien. Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart an Wäinmart, Weltjugendaag an eiser Par, Soirée de bienfaisance fir den Téléthon an Zesummenarbecht mam Lions Club Osten.

Zu enger fester Traditioun ass et gin dass eis Memberen sech der Dekanatspilgerung on d'Gischterklaus uschléissen oder eben Nopeschsektiounen déi op eng Pilgerfahrt fueren.

Dir gesidd, léif Lieser, eisen Programm ass an war nawell ziemlech vielfälteg. D'Gesellschaftlech Verännerungen beaflossen d'Liewen vun eis all. D'Verantwortung vun eis Fraen an Mammen läit am Matenneen orientéierungs an sennschaffend ze wirken. Jidereen vun eis huet Talenter, a Fähegkeeten geschenkt kritt. Am Dengscht vun aneren brengen se Freed.

Mee dofir braucht et Asaz a Bereetschaft vun eis, dat et wouer get. Jidereen kann eppes, zesummen könne mir villes.

Eis Pärelketten, déi elo 30 Joer all get as wertvoll. All Pärel een wonnerbare Mensch, deen villes verschéinert huet, an grousses geleescht hut. Main groussen Respekt an Merci virun ärer geleschtener Arbecht, léif Memberen, mee och mat Opfuederung weiderzeschaffen, an virun allem och aktiv matzeschaffen fir deenen ze hellefen deenen et net esou gudd geet.

Josiane Spaus-Laugs.

Präsidentin.