Evenementer

Makadammen – 05.02.2017

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

Op Invitatioun vun de lokalen „Fraen a Mammen“ as deen best bekannten Ensemble „Makadammen“ op en Neits zu Bäertref opgetrueden.

D'Präsidentin Linda Hartmann konnt am Kulturzentrum „a Schmadds“ ronn 200 Spectateuren begréissen, déi bäim aktuellen Programm „Turlatäin“ en amüsanten a gelongenen Owend verbruecht hun.

27.01.2017 – Merci !

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

De 27. Januar war et rem souwäit fir all deenen Leit Merci ze soen déi um leschten Haupeschfest matgeschafft oder an irgend enger Form zum Succès vun dësem flotten Fest bäigedroen hun.

De Comité vun de Fraen a Mammen huet dofir an de Bäertreffer Centre Culturel „a Schmadds“ invitéiert fir zesummen mat villen Mëmberen, Frënn, Vertrieder vun der Gemeng an de Veräiner, de Sponsoren asw e flotten Owend ze verbréngen.