Evenementer

27.01.2017 – Merci !

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

De 27. Januar war et rem souwäit fir all deenen Leit Merci ze soen déi um leschten Haupeschfest matgeschafft oder an irgend enger Form zum Succès vun dësem flotten Fest bäigedroen hun.

De Comité vun de Fraen a Mammen huet dofir an de Bäertreffer Centre Culturel „a Schmadds“ invitéiert fir zesummen mat villen Mëmberen, Frënn, Vertrieder vun der Gemeng an de Veräiner, de Sponsoren asw e flotten Owend ze verbréngen.