Sozial Aktioun ACFL
Léif Memberen,
mir wollten Iech heimat opmierksam maachen op d'sozial Aktioun vun der ACFL:
Si sammelen haltbar Liewensmëttel wéi Nuddelen, Réis, gedrechent Lënsen,
Ierdsen, Liewensmëttel an Dousen, awer och Shampoo, Seef, Duschgel,
Zännbiischten an Zahnpasta, Raséierseef a Gilletten, Kierperlotioun asw...
Déi gesammelt Saachen gin un bedürfteg Leit verdeelt.
Wann Dir dës Aktioun wëllt ënnerstëtzen mellt iech bei engem vun eisen
Comitésmemberen.
Mir soën Iech am viraus merci.
De Comité Fraen a Mammen Berdorf