Generalversammlung 2018

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

Op der Generalversammlung vun de Fraen a Mammen, Sektioun Berdorf, de 14. März 2018, konnte mir Chequer am Wert vun 28.240 € u karitativ Vereenigungen iwerreechen. Des Somm as den Erléis vun eisem Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart 2017. Hei haten sech eng 120 Konschthandwierker afonnt fir hir Créatiounen virzestellen. Et waren eng 8000 Leit op desem Weekend bei eis op Besuch komm. Mir all freeen eis elo schon op den nächste Konschthandwierkermaart, deen dest Jar den 3. an de 4. November 2018 fir d´13. kéier zu Berdorf gefeiert gett. Mir giffen eis fréeen iech do ze begéinen. Linda Hartmann, Präsidentin vun de Fraen a Mammen Berdorf.