Evenementer

Sozial Aktioun ACFL

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

Léif Memberen,

mir wollten Iech heimat opmierksam maachen op d'sozial Aktioun vun der ACFL:

Si sammelen haltbar Liewensmëttel wéi Nuddelen, Réis, gedrechent Lënsen,
Ierdsen, Liewensmëttel an Dousen, awer och Shampoo, Seef, Duschgel,
Zännbiischten an Zahnpasta, Raséierseef a Gilletten, Kierperlotioun asw...

Déi gesammelt Saachen gin un bedürfteg Leit verdeelt.

Wann Dir dës Aktioun wëllt ënnerstëtzen mellt iech bei engem vun eisen
Comitésmemberen.

Mir soën Iech am viraus merci. embarassed

De Comité Fraen a Mammen Berdorf

20 Joer MAKADAMMEN!

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Evenementer

Den 23. Januar 2022 zu BERDORF am Centre Culturel « A Schmadds »

 

20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.

 

Einfach aus der Haut fueren - Fir een Aneren ze ginn

Mir fillen eis wéi neigebueren - Wa mir op der Bühn stinn

Aus dem Jeckyll gëtt d’Miss Hyde - Aus dem Beauty gëtt e Beast

Aus dem Bonny gëtt e Clyde - A last but not least

Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen - Aus douce Fraen, Femmes fatalen -

Wa mir op d’Bühn ropklammen - Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)

 

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor

Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener

Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor

Collage a Regie: Jacqueline Posing -van Dyck

Dekor: Christian Klein - Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel

Choreographie: Steven Klopp - Affiche a Fotoen: Pitt Becker

Detailer op: www.makadammen.lu 

 

Ufank 17:00

Entrée 18€

Umeldungen um tel. (+352) 621640670

oder email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!