18.600 Euro goufe gespend
Haupeschfest vun de „Fraen a Mammen“ den 8. an 9. November
Berdorf. D'Generalversammlung vun de „Fraen a Mammen“ huet viru kuerzem stattfonnt. Bei dëser Geleeënheet konnt de Comité Schecken am Wäert vun 18 600 Euro u karitativ Vereenegungen iwerreechen. Vertrieder vun dene verschiddenen Associatiounen hunn hir Aarbecht virgestallt a sech iwwert d'Don'e gefreet. Och den Här Buergermeeschter Walerius huet de „Fraen a Mammen“ fir hir wäertvoll Aarbëcht félicitéiert.



