Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Berdorf

Geschrieben von Fraen a Mammen Berdorf. Posted in Artikel

Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Berdorf

De 27. März konnten d'Fraën a Mammen vu Berdorf op hirer Generalversammlung Checken am Wert vun 32.100€ iwwerreechen.

Dëst war den Erléis vum Haupeschfest 2018, wat och dës Kéier erëm ee ganz grousse Succès war. Méi wéi 8000 Leit waren op Besuch komm fir sech déi flott Konschtartikelen unzekuken an ee gudde Maufel ze iessen.D'Suën vun desem Fest goufen gespend un: Télévie (10.000€), Haff Ditgesbaach (3100€), Street Angels (1000€), Fraën am Afghanistan, Stëmm vun der Strooss, Eng oppen Hand fir Malawi, Amiavy, Epicerie Sociale Caritas an Care Hëllef fir Mozambik jeweils 3000€. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert fir hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin.

D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroën an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht.

D'Presidentin Linda Hartmann huet d'Leit gebieden 1 Minut an der Stëll un déi Verstuerwen Gertrud Zerwas ze denken, déi  e laangjährige Comitésmember war.
D'Preparatiounen fir déi 15. Editioun vum Haupeschfest 2019, den 9. + 10. November sin voll amgaang.

D'Presidentin huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en härzleche Merci gesot fir déi wertvoll Ennerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleiwt.
D'Josiane Mirkes vum Paarverband an d'Susy Seyler, Scheffen vun der Gemeng hun d'Wuert ergraff an de Fraen a Mammen fir déi gudd Aarbecht felicitéiert.

De Comité setzt sech aus 12 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Mireille Birkel, Cecile Collignon,  Germaine Greischer, Lucie Jäger, Mariette Rassel, Yvonne Pistola, Sandra Schneider, Christiane Anen. Als neie