Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Berdorf
Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Berdorf
De 27. März konnten d'Fraën a Mammen vu Berdorf op hirer Generalversammlung Checken am Wert vun 32.100€ iwwerreechen.
Dëst war den Erléis vum Haupeschfest 2018, wat och dës Kéier erëm ee ganz grousse Succès war. Méi wéi 8000 Leit waren op Besuch komm fir sech déi flott Konschtartikelen unzekuken an ee gudde Maufel ze iessen.D'Suën vun desem Fest goufen gespend un: Télévie (10.000€), Haff Ditgesbaach (3100€), Street Angels (1000€), Fraën am Afghanistan, Stëmm vun der Strooss, Eng oppen Hand fir Malawi, Amiavy, Epicerie Sociale Caritas an Care Hëllef fir Mozambik jeweils 3000€. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert fir hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin.